
Transport a Mobilitéit
Mir, als Biergerpartei Lëtzebuerg, setze eis dofir an, dass d’Bus- a Camionschauffeuren am Grand-Duché gerecht a sécher Aarbechtskonditioune kréien. Hiren Asaz ass entscheedend, souwuel für den ëffentlechen Transport wéi och für de Logistiksecteur, an et ass essentiell, hinnen en Aarbechtskader ze bidden, deen hir Gesondheet an hiert Wuelbefannen respektéiert.
An deem Sënn schloë mir déi folgend Moossname vir:
-
Regulatioun vun den Aarbechtszäiten
-
Aféierung vu strenge Reegele betreffend d’Fuerzäiten, d’Pausen an d’Erhuelungszäiten, sou datt Middegkeet vermidde gëtt a d’Sécherheet vum Chauffeur an anere Verkéiersdeelhueler erhéicht gëtt.
-
Kloer Bestëmmunge zu den Aarbechtsamplituden, déi onbezuelte Wartezäiten einschränken a méi Gläichgewiicht tëscht Beruffsliewen a Privatliewen erméiglechen.
-
-
Planung an Disponibilitéit vun de Gefierer
-
Optimiséierung vun de Schichten a Fahrlinnen, sou datt ze laang Waardzäiten tëscht de Touren vermidde a d’Aarbechtsbelaaschtung gesënkt gëtt.
-
Sécherstellen, datt genuch Gefierer am Asaz sinn, sou datt d’Chauffeuren net überstrapazéiert ginn an d’Flëssegkeet vum ëffentlechen Transport verbessert gëtt.
-
-
Weiderbildung a beruffleche Support
-
Entwécklung vu Formatiounsprogrammer, déi op Stressmanagement, Verkéierssécherheet an d’Kommunikatioun mat de Passagéier ausgeriicht sinn.
-
Schafen vu psychologesche Betreiungs- an Unterstützungsangebote bei Ennerfäll oder an anere stressigen Situationen.
-
-
Sécherheet a Wuelbefannen op der Aarbechtsplaz
-
Verbesserung vun den Infrastrukturen, déi de Chauffeuren zur Verfügung stinn (z. B. Rastberäicher a sanitär Anlagen), déi hiren Besoinen ugepasst sinn.
-
Stäerkung vun de Sécherheetsmesuren am ëffentlechen Transport, inklusiv der Préventioun vu Agressiounen an der Installatioun vu gëeegente Iwwerwaachungssystemer.
-
-
Sozialen Support a berufflech Unerkennung
-
Schafen vu Dialogplattforme, sou datt d’Chauffeuren hir Revendicatioune artikuléieren an aktiv an der Verbesserung vun hiren Aarbechtskonditiounen matschaffen.
-
Opwäertung vum Beruff duerch incitativ Moossnamen, wéi Primen bei schwéiere Aarbechtskonditiounen a verbessert sozial Avantagen.
-
Duerch d’Ëmsetzung vun dëse Reformen erhoffe mir eng méi héich Liewensqualitéit für d’Chauffeuren, eng Verbesserung vun der Verkéierssécherheet an eng gesteigerte Effizienz vum ëffentlechen Transport a vum Logistikberäich.
